Pré-Inscriptioun: Formatioun fir de «Référent(e) pédagogique» 2021

Pré-Inscriptioun: Formatioun fir de «Référent(e) pédagogique» 2021

«Éducation plurilingue»

De Programm vun der méisproocheger Bildung («Éducation plurilingue») fir d’Kanner vun een bis véier Joer erméiglecht de Kanner an de Betreiungsstrukture sech ab dem éischte Liewensjoer mat der lëtzebuergescher Sprooch vertraut ze maachen. Parallel dozou soll de fréie Kontakt mat der franséischer Sprooch e méi natierlechen a spillereschen Zougang zu dëser Sprooch erméiglechen. Och d’Valoriséiere vun deenen ënnerschiddleche Familljesproochen an d’Zesummenaarbecht mat de Famillje spillen eng wichteg Roll.
De Programm vun der «Éducation plurilingue» ass Deel vun der Qualitéitsentwécklung am Secteur vun der non-formaler Bildung.

Opgrond vun der « Loi du 29 août 2017 portant modification de la loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la jeunesse » gëtt de Programm vun der «Éducation plurilingue» an alle Crèchen ëmgesat, déi mat Chèques-Service Accueil schaffen.
An all Crèche soll een « Référent(e) pédagogique » bestëmmt ginn, deen (déi) d’Ëmsetzung vun der méisproocheger Bildung koordinéieren an ënnerstëtze soll. De Service National de la Jeunesse (SNJ) bitt dowéinst eng gratis Formatioun un.

Zil Public: een « Référent(e) pédagogique » pro Institutioun / Agrément

Bedéngung: Certificat am psycho-sozialen oder pädagogeschen Beräich « faire valoir dans les domaines psychosocial, pédagogique ou socio-éducatif soit une formation professionnelle de niveau minimum de fin d'études secondaires ou secondaires techniques reconnue par le ministre ayant l'Éducation nationale dans ses attributions, soit un titre d'enseignement supérieur reconnu par le ministre ayant l'Enseignement supérieur dans ses attributions »

Plaz vun der Formatioun : Centre de Jeunesse Marienthal / Université du Luxembourg
Dauer: 30 Stonnen
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch
Käschten: gratis

Wichteg:
Dir kënnt Iech hei op enger Pré-Inscriptioun's Lëscht aschreiwen.
D' Sekretariat vum SNJ wäert Iech kontaktéieren, soubal eng offiziell Aschreiwung (mat Daten vun der Formatioun) méiglech ass.