«Éducation plurilingue»
De Programm vun der méisproocheger Bildung («Éducation plurilingue») fir d’Kanner vun een bis véier Joer erméiglecht de Kanner an de Betreiungsstrukture sech ab dem éischte Liewensjoer mat der lëtzebuergescher Sprooch vertraut ze maachen. Parallel dozou soll de fréie Kontakt mat der franséischer Sprooch e méi natierlechen a spillereschen Zougang zu dëser Sprooch erméiglechen. Och d’Valoriséiere vun deenen ënnerschiddleche Familljesproochen an d’Zesummenaarbecht mat de Famillje spillen eng wichteg Roll.
De Programm vun der «Éducation plurilingue» ass Deel vun der Qualitéitsentwécklung am Secteur vun der non-formaler Bildung.
Opgrond vun der « Loi du 29 août 2017 portant modification de la loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la jeunesse » gëtt de Programm vun der «Éducation plurilingue» an alle Crèchen ëmgesat, déi mat Chèques-Service Accueil schaffen.
An all Crèche soll een « Référent(e) pédagogique » bestëmmt ginn, deen (déi) d’Ëmsetzung vun der méisproocheger Bildung koordinéieren an ënnerstëtze soll. De Service National de la Jeunesse (SNJ) bitt dowéinst eng gratis Formatioun un.
Zil Public: een « Référent(e) pédagogique » pro Institutioun / Agrément
Bedéngung: Certificat am psycho-sozialen oder pädagogeschen Beräich « faire valoir dans les domaines psychosocial, pédagogique ou socio-éducatif soit une formation professionnelle de niveau minimum de fin d'études secondaires ou secondaires techniques reconnue par le ministre ayant l'Éducation nationale dans ses attributions, soit un titre d'enseignement supérieur reconnu par le ministre ayant l'Enseignement supérieur dans ses attributions »
Plaz vun der Formatioun : Centre de Jeunesse Marienthal / Université du Luxembourg
Dauer: 30 Stonnen
Sprooch: Lëtzebuergesch/Däitsch
* Fir d'Aschreiwung fir d'Formatioun op Franséisch:
https://forms.snj.lu/fr/formation-r%C3%A9f%C3%A9rentes-p%C3%A9dagogiques-2020
Käschten: gratis
Wichteg: D’Aschreiwung ass nominell. Dir sidd mat Ärem Numm ageschriwwen an et ass net méiglech Iech duerch eng aner Persoun remplacéieren ze loossen. Wielt w.e.g. ee vun deene proposéierte Gruppen aus, wann Dir Iech aschreift. Et muss een d’Daten vum gewielte Grupp anhalen. Vu datt d’Plazen an der Formatioun limitéiert sinn, kënne mir nëmmen eng Persoun pro Struktur an Agrément unhuelen.
Am Fall wou Dir eenzel Module musst nohuelen:
*nëmmen fir déi Persounen, déi d'Formatioun vum «Référent(e) pédagogique» schonn ugefaangen hunn.
Falls Iech nach verschidden Moduler aus deenen lëschten Joren feelen, besicht folgend Internetsäit: https://forms.snj.lu/fr/aschreiwung-fir-eenzel-moduler-nozehuelen
Hei fannt Dir d'Aschreiwung fir déi komplett Formatioun. [1]
De Programm vun der Formatioun ëmfaasst fënnef Moduler:
Wielt w.e.g. ee vun deene proposéierte Gruppen aus, wann Dir Iech aschreift.
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
